D'Joer 1919 war e Joer vu politescher Onrou a Verännerung zu Lëtzebuerg: Republik, Referendum, dat allgemengt Walrecht an eng nei Grande-Duchesse.

Vill an dacks gouf an de leschte Méint un dës Zäit erënnert an ëmmer nees ass dobäi och den Numm vun der Groussherzogin Marie-Adelheid gefall, déi als ganz jonk Fra op den Troun koum ass nees huet mussen ofdanken. D'Historikerin a Professesch Josiane Weber huet elo eng politesch Biographie iwwer d'Marie-Adelheid erausbruecht.

21/11/2019 Josiane Weber am Gespreich

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.