En Interview mam Lëtzebuerger Taucher an Ënnerwaasser-Fotograf.

Viru ronn 20 Joer huet seng Passioun ugefaangen, wéi e mat engem Kolleeg an der Vakanz op Mallorca war. Wéi de Steve Carmentran do ënner Waasser getaucht ass, war et ëm hie geschitt. Mëttlerweil mécht en och Fotoen am naassen Element a war esouguer scho bei der Weltmeeschterschaft an der Ënnerwaasser-Fotografie zu Zeeland mat vun der Partie.

No wéi enge Critèren déi beschte Fotoen erausgesicht ginn an iwwert e weidere Concours zu Monaco, huet en eis an der Mëttesstonn erzielt. Donieft goufe mer gewuer, wéi eng verschidden Tauchschäiner et ginn a wéi enge Kreaturen eisen Invité schonn am Mier begéint ass.

Am Gespréich: Steve Carmentran

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.