Säi biergerlechen Numm ass Thomas Faber a mat Musek ass e grouss ginn.

Datt e sech awer ganz an de Rapp géing orientéieren, huet de Maz mat 15 Joer gemierkt, wéi en och ugefaangen huet eegen Texter ze schreiwen: op englesch. No der Première huet de jonke Museker decidéiert elo mol d'Musek an de Mëttelpunkt ze setzen. Mat richteg guddem Erfolleg heiheem an dobaussen. Elo ass d'Release vun enger neier EP Sleepwalker. Doriwwer gëtt Rieds mam jonken HippHopper, de Maz war den Invité am Gespréich.

Am Gespréich: MAZ

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.