''Et si j'en parlais à un psy'' sou ass d'Iwwerschrëft vun der Sensibiliséierungscampagne vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale asbl.

Mir hunn op déi dach laang Geschicht vun der Ligue zréckgekuckt a mir hunn och dës Campagne de Méindeg an der Stonn tëscht 12 an 13 Auer virgestallt. Bei eis am Studio waren dofir d'Chargée de Communication Melissa Da Silva an d'Psychologin Barbara Bucki.

Am Gespréich: Melissa Da Silva a Barbara Bucki

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.