Wann Dir en Auto am Ausland kaaft, braucht Dir si. Bei importéierte Wueren, si si wichteg. An elo beim Brexit gi si och gefuerdert.

Am Gespréich: Nadine Back-Scholtes

Och wann een d'Douanieren net méi op eise Grenze a soss an EU-Memberlänner gesäit, sinn si awer nach ëmmer do. Wat maache se bei der Douane? Wéi ofwiesslungsräich ass hir Aarbecht a wéi wichteg hir Kontrolle sinn, dat huet eis d'Nadine Back-Scholtes, Inspecteur principal bei der Douane erzielt.

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.