D'Performance-Kënschtlerin huet en Dënschdeg Première mam Theaterstéck "Das letzte Feuer"

D'Catherine Elsen fillt sech an ville Beräicher doheem. Vun der Musek iwwert den Danz, Theater a Gesang. An sou villfälteg sinn och hir Projeten dëst Joer: D'Theaterstéck "Das letzte Feuer" am Kapuzinertheater, e co-écriture Projet mam Frédérique Colling an Claire Wagener "Zizu a zazu", an och um Siren's Call Festival am Summer ass d'Kënschtlerin erëm dobäi, déi Kéier mam Projet "Onsor" zesummen mam Pianist Sašo Vollmaier.

Am Gespréich - Catherine Elsen

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.