Liichtverschmotzung, dat huet een an der Lescht méi dacks héieren.

Liichtverschmotzung, also ze vill Liicht, dass d'Nuecht hell erliicht, huet vill negativ Säiten. Sief et fir d'Natur, fir Déier an dann och de Mënsch. Déi meescht Mënsche si sech dësem net bewosst, ma vill Experte wéi Astronomen, Ingenieuren, Biologen an Doktere beschäftege sech schonns méi laang domadder a bréngen déi elle Fakten un den Dag.

Bei eis am Studio war den Daniel Gliedner, de Liichtberoder vum Naturpark Our, dee kennt sech beschtens domadder aus an och hie war ee vun den Experten op der Konferenz virun 3 Wochen zu Veianen an der Larei.

Wat een alles wësse sollt zu der Liichtverschmotzung, gouft Dir tëscht 12 an 1 Auer gewuer.

10/02/2020 Am Gespréich: Daniel Gliedner

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.