Den Ament kann ee vun hir d’Bünebild beim Pir-Kremer-Owend zu Miersch gesinn.

Et ass net dee Beruff, deen engem direkt an de Kapp kënnt, wann een un Theater denkt, mä et ass deen, deen engem direkt an d’A spréngt, wann een am Publikum sëtzt: Zeenograph oder Bünenbildner, deen, deen derfir suergt, datt e Stéck säi Kader huet. Dee raimlechen oder deen zäitlechen an deem sech alles ofspillt.

D’Jeanny Kratochwil schafft schonn zënter Joren als fräi Zeenographin op lëtzebuergeschen an auslännesche Bünen. En Donneschdeg de Mëtteg ass si eis Invitée am Gespréich.

Am Gespréich mam Jeanny Kratochwil

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.