De Clae gouf 1985 gegrënnt an ass hei zu Lëtzebuerg bekannt fir seng interkulturell Aktivitéiten.

Si sinn dofir do, fir den Auslänner hei am Land ënnert d’Ärem ze gräifen. Dat bedeit net nëmmen, d’Leit z’orientéieren, mä hinnen och dacks bei administrative Schrëtt an Hürde weiderzehëllefen. En Dënschdeg de Mëtteg war d’Marion Hambitzer vum Comité de liaison des associations d’étrangers Invitée an der Emissioun “Am Gespréich” an huet do op déi verschidden Aarbechte vun der ASBL gekuckt. Ënnert anerem kréien d’Auslänner Formatiounen offréiert. Sproochecoursen allerdéngs sinn net gratis, ma d’Persoune musse just fir ee ganz klengen Deel vun de Käschten opkommen. Domadder wëll een d’Persounen op den Aarbechtsmarché preparéieren.1985 huet de CLAE mat senger Aarbecht ugefaangen. Dat well ee gemierkt huet, datt auslännesch Matbierger net déi selwecht Rechter hunn, wéi d’Lëtzebuerger Residenten. No an no koumen ëmmer méi Aarbechtsfelder dobäi. Ee vun de wichtege Rendez-Vousen ass a gutt zwou Wochen de Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté. Een Evenement, wou net nëmmen d’Kulture solle vermëttelt ginn, mee wou och Diskussiounsronnen organiséiert ginn. D’Marion Hambitzer: "Esclavage politique, aner politesch Diskussiounen: de Kapitalismus, Klimakris, Demokratiekris, Debat iwwert de Sexismus an der Sprooch, Documentaire iwwert muslimesch Fraen, wéi déi hiren Alldag meeschteren."

Am Gespréich: Marion Hambitzer

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.