Si huet "Heartseeds" an d'Liewe geruff fir eenzegarteg Fraen a Mamaen ze stäerken.

Och als Superwoman oder Powerfra fillt een sech heiansdo midd an iwwerwältegt. Mee Zweiwel a Selbstkritik si meeschtens eis bescht Frënn, an de Perfektionnismus schéngt een och opzefriessen. Wéi een trotz Multitask nees an déi richteg Balace a Liewensfreed kënnt, dat froe mer bei enger Powerfra no, dem Vanessa Sanchez-Willems déi eis méi iwwert de Projet "Heartseeds" zielt.

AUDIO: Am Gespréich - Vanessa Sanchez-Willems

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.