20 Joer laang war d'Marie-Josée Jacobs an der Regierung, elo ass si virun allem benevole fir d'Caritas sozial engagéiert.

D'Marie-Josée Jacobs ass och no hirem Depart als Ministesch viru 7 Joer nach ëmmer aktiv a steet mat Häerzblutt fir "Causen" an, déi Hir wichteg sinn. D'CSV-Politikerin ass Invitée vum Roy Grotz an der Mëttesstonn, wou mer op eng Panoplie vu Sujeten aginn, nieft der Aarbecht fir d'Caritas natierlech eng vue op d'aktuell Politik an d'Racinne vun der Madamm Jacobs am Éislek.

09/03/2020 Am Gespréich Marie-Josée Jacobs

D'Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay (Audio a Video) ze fannen ass.