E "geet gär op d'Ganzt" a befaasst sech mat "kulturellen Affairen".

Sou kënnt ee kuerz déi zwee Bicher resuméieren, déi Rosch Krieps an de leschte Joren publizéiert huet. Dat geet awer laang net duer fir d'Aarbecht an den Engagement vum 89 Joer alen, pensionéierte Journalist ze beschreiwen, dee sech vrun allem fir d'Wierk vum Edward Steichen zu Lëtzebuerg agesat huet an deen ëmmer och e kriteschen Bléck op d'Kulturpolitik an d'Kulturliewen hei am Land hat. Donieft gehéieren d'Wanderen an de Camping nach ëmmer zu senge Passiounen hei an am Midi, wou hien e groussen Deel vum Joer mat senger Fra lieft. An iwwer alles dat gëtt et vill ze soen, dofir war de Rosch Krieps dës Woch eise Freides Invité.

AUDIO: Freides-Invité: De Rosch Krieps beim Christiane Kremer

"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).