Comics a Krimien hunn de Geschichtsproff schonn ëmmer begeeschtert an iergendwéi war et just eng Fro vun der Zäit, wéini säin éischt Buch erauskéim.

2000 war et do: "Miss Mona" iwwert d'Themen wéi Korruptioun a Schäinhellegkeet, dat éischt vu fënnef franséische Romaner. 2011 huet den Tullio Forgiarini mat "Amok" e Lëtzebuerger Roman iwwer déi aussichtslos Situatioun vu Jonke publizéiert, deen 2013 de Literaturpräis vun der EU krut an och verfilmt gouf.

Fir "Baby(a)lone" huet den Tullio Forgiarini och de Zeenario geschriwwen. E Samschdeg huet de Film Première als Clotûre-Film vum Luxembourg City Film Festival.

AUDIO: 06/03/2015 Freides Invité Tullio Forgiarini

"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream op RTL.lu. An dono am Replay op RTL.lu (Audio a Video).