Déi nei Sendung mat 100 Prozent Lëtzebuerger Musek. Neiegkeeten aus der Zeen, Newcomer, Akkustesch Live-Sets an Interviewe mat den Artiste vun heiheem.

13/01/2020 Am Takt: Interview mat A-Drew

An der éischter Emissioun war den Andrea Galleti op Besuch. De Sänger a Gittarist kennt een ënner anerem duerch Diario an awer och d'Coverband Mental. Mat A-Drew huet sech den Andrea en neien Challenge ginn a presentéiert den 8. Februar an der Schungfabrik zu Téiteng den Debutalbum 5 Seasons.

Am Takt op RTL ëmmer Méindes Owes vun 8 bis 9, direkt nom Feierowend.

An hei kënnt Dir d'Musek aus der Emissioun nach eemol lauschteren (esou wäit se op dëser Plattform ze fannen ass):