2. Sendung mat 100 Prozent Lëtzebuerger Musek direkt nom Feierowend op RTL Radio Lëtzebuerg. Tëscht 20:00 an 21:00 waren d'Lynn an de John vu Fallen Lies op Besuch.

20/01/2020 Am Takt: Fallen Lies

Déi maache Power-Rock a konnten 2017 den Newcomer-Contest Rock The South fir sech entscheeden. Duerch dës éischt Plaz war et méiglech hiren Debutalbum Confusion, zesumme mat der Rockhal, opzehuelen. De Release vun hirer éischter Plack ass fir dëse Freiden an der Rockhal ugesat.

An hei kënnt Dir d'Musek aus der Emissioun nach eemol lauschteren (esou wäit se op dëser Plattform ze fannen ass):

Den nächste Méinden 27/01/2020 sinn den Daniel Balthasar a Miles To Perdition Am Takt.