Och dës Band huet d'Newcomer-Contest Rock The South zu Péiteng gewonnen. Dat war 2016. Zënterhier ass vill geschitt well d'Trappers kléngen eigentlech net méi wéi deemools.

Manner Country a Folk, duerfir méi 60er a 70er Rock mat psychedeleschen Elementer vun haut. Déi fonkelnei Single City In Blue ass elo am Januar am Holtz Sound Studio opgeholl a vum Tom Gatti editéiert ginn. Et dierf ee sech op de Rescht vum neie Material freeën.