Fir den 3. Takt  hate sech direkt 2 Gäscht ugekënnegt. Den Daniel Balthasar war viru kuerzem an engem Studio a Frankräich wou ënner anerem d'Bee Gees an den Elton John Lidder opgeholl hunn. Miles To Perdition, Death Metal vun heiheem, waren déi lescht Méint fläisseg an hunn hirem 2. Album 2084 gedoktert deen e Freiden (31/01/2020) an der Kufa zu Esch Release feiert.

27/01/2020 Am Takt mam Daniel Balthasar a Miles To Perdition

Den Daniel hat sech also mat senger Band zu Hérouville, an der Géigend vu Paräis, verschanzt fir do am legendären Château d'Hérouville nei Musek opzehuelen. Ënner anerem fënnt een an deem Studio de Fligel op deem den Elton John Lidder fir seng 70er Albumen, dorënner och Goodbye Yellow Brick Road, agespillt huet.

View this post on Instagram

Setting up. #chateaudherouville

A post shared by Daniel Balthasar (@danielbalthasarband) on

Bei Death Metal kann een et e bësse mat der Angscht ze di kréien. De Joey an de Ken vu Miles To Perdition waren awer ganz vill gentil an hunn ënner anerem erkläert wéi iwwerhaapt e Lidd an hirem Genre entsteet, dee Genre nenne Si iwwregens Aggressive Melodic Death Metal. E Freiden 31/01/2020 presentéiert Miles To Perdition hiren 2. Album 2084, awer net eleng, Si hu Fractal Universe, Abstract Rapture a Sequioa ageluede fir mat ze rocken.

An hei kënnt Dir d'Musek aus der Emissioun nach eemol lauschteren (esou wäit se op dëser Plattform ze fannen ass):

A fir den nächsten Takt huet de Lex vu Moof sech ugemellt, et steet nämlech dat nächst Moofest virun der Dier, déi Kéier mat ënner anerem Dapple Rose, Pineway a selbstverständlech Moof.

Am Takt ëmmer Méindes Owes vun 20:00 bis 21:00 op RTL Radio Lëtzebuerg