Am 4. Takt war de Lex vu Moof am Studio. De Sänger a Lidderschreiwer bei Moof organiséiert dëst Joer dat 8. Moofest an der Rockhal.

03/02/2020 Am Takt: Moofest 2020

Natierlech ass et och ëm de Lex a Moof selwer gaangen, déi virun 2 Joer nach behaapt hunn datt se "Net vreckt ze kréien" sinn, sou heescht hire leschten Album. Op d'Fro firwat Moof net op Englesch séngt: "Mäin Englesch ass Sch@*ss". Sou herrlech onkomplizéiert kann et sinn.

Am Takt wënscht e schéint Moofest!

An hei kënnt Dir d'Musek aus der Emissioun nach eemol lauschteren (esou wäit se op dëser Plattform ze fannen ass):

Den nächste Méinden ass d'Grupp Francis Of Delirium op Besuch, e Projet vum Jana Bahrich aus Kanada an dem Chris Hewett vu Seattle déi elo allebéid zu Lëtzebuerg liewen a sech mam Lëtzebuerger Bassist Jeff Hennico zesumme gedoen hunn,