Op Besuch war d'Jana Bahrich. Zesumme mam Amerikaner Chris Hewett a mam Lëtzebuerger Bassist Jeff Hennico (bei ënner anerem och District 7) huet d'Jana d'Grupp Francis of Delirium an d'Liewe geruff, déi elo am Januar déi éischt Single "Quit Fucking Around" erausbruecht huet.

10/02/2020 Am Takt:Francis Of Delirium

D'Jana lieft et lo eng 6 Joer hei zu Lëtzebuerg, ass awer an der Belsch op d'Welt komm, huet an der Schwäiz gewunnt an huet och Kanada mol seng Heemecht genannt. D'Eltere vum Jana hu sech elo zu Lëtzebuerg néiergelooss (Léierpersonal an der International School) an esou ass Francis of Delirium och ënner d'Beschreiwung "made in Luxembourg" ze setzen. Fir d'Jana ass Francis of Delirium eng Mëschung aus Grunge (Pearl Jam) an Joni Mitchell, mä lauschtert selwer.

An hei kënnt Dir d'Musek aus der Emissioun nach eemol lauschteren (esou wäit se op dëser Plattform ze fannen ass):

Spoiler:

D'nächst Woch ass keen "Am Takt".... Enttäuschung..... Buuuuh..... Awer fir Fuesméindeg (24/02/2020) ass erëm eng Stonn 100 Prozent Lëtzebuerger Musek geplangt déi Kéier mam Schlapbe vu Smaf. De Sebastian ass all Woch an der Latenightshow vum Pierre M Krause am Asaz an hei zu Lëtzebuerg spillt hie mat Leit wéi Daniel Balthasar, David Laborier a Lata Gouveia.

© Smafmusic Facebook

Am Takt, fir d'nächst de 24. Februar, direkt nom Feierowend tëscht 20:00 an 21:00.