Haut war de Sebastian Marc-Anton Flach am Takt. De Schlapbe, sou säi Spëtznumm, ass gebierteg aus der Géigend vu Stuttgart, lieft awer elo schonn eng Zäitchen am Grand-Duché.

24/02/2020 Am Takt: Schlapbe

A senger Heemecht huet de Schlapbe ënner anerem mam Xavier Naidoo, Gregor Meyle a Guildo Horn geschafft an hei zu Lëtzebuerg ass de Bassist bei Kënschtler ewéi Lata Gouveia, Pol Belardi, David Laborier an Daniel Balthasar am Asaz.

Donieft ass de Schlapbe och nach reegelméisseg op der däitscher Tëlee ze gesinn; zesumme mat senger Band Smaf ass hien de musikalesche Kader vun der Pierre M. Krause am Swr.

Dir mierkt; en intressante Gaascht Am Takt.

An hei kënnt Dir d'Musek aus der Emissioun nach eemol lauschteren (esou wäit se op dëser Plattform ze fannen ass):

D'nächst Woch ass d'Priscila Da Costa Am Takt. D'Vocal-Coach an d'Sängerin bei Ptolemea kënnt iwwert de Release vun der EP Maze den 13. Mäerz 2020 an de Rockhal erzielen.

Am Takt ëmmer Méindes Owes vun 20:00 bis 21:00, direkt nom Feierowend op RTL Radio Lëtzebuerg.