Fir déi éischt Mäerz-Sendung Am Takt waren direkt 2 Museker op Besuch. Ladies First; d'Priscila Da Costa léiert d'Leit sangen, eng sougenannt Vocalcoach, déi awer och selwer séngt a mat hirer Band Ptolemea den 13. Mäerz eng nei EP "Maze" an der Rockhal virstellt.

02/03/2020 Am Takt: Ptolemea & Michel Meis

De Michel Meis ass am Jazz doheem, fënnt awer sou zimmlech all Genre gutt (bis op franséischen Hip Hop :)). De Michel Meis huet mat sengem Quartett am Februar d'lescht Joer säin Debutalbum Lost In Translation op Double Moon Records an der Serie "Jazz Thing Next Generation" erausbruecht.

An hei kënnt Dir d'Musek aus der Emissioun nach eemol lauschteren (esou wäit se op dëser Plattform ze fannen ass):

D'nächste Méinden (09/03/2020) sinn och 2 Gäscht op Besuch, de Sven Sauber:

an Alien Pitch Cat déi hiren 3. Album matbréngen.