Fir Sendung Nummer 8 hat sech en Double-Date ugekënnegt. Déi Kéier war de Sven Sauber op Besuch, de Lëtzebuerger Gittarist huet bis elo éischter am Hannergrond gediedegt, dëse Samschden ass et dann de Release vu sengem Solo-Debutalbum zu Diddeleng op der Schmelz.

09/03/2020 Am Takt: Sven Sauber & Alien Pitch Cat

Nieft dem Sven waren och Alien Pitch Cat am Takt.

D'Rockgrupp aus dem Grand-Duché invitéiert e Samschden an d'Schongfabrik zu Téiteng fir de Release vun hirem 3. Album Colonization ze feieren.

An hei kënnt Dir d'Musek aus der Emissioun nach eemol lauschteren (esou wäit se op dëser Plattform ze fannen ass):

D'nächst ass de Radio natierlech och nees Am Takt, och erëm 2 mol. Heavy Petrol hunn den 21. Mäerz Release vun hirem neien Album The Last Barrel.

An nom Blues kënnt de Pop-Punk vu Mallows. Déi hu mat Ups and Downs och fonkelneit Material

Am Takt, den nächste Méinde wéi gewinnt tëscht 20:00 an 21:00 direkt nom Feierowend hei op RTL Radio Lëtzebuerg.