Sou lues awer sécher "entdeet" de Grand-Duché erëm, Stéchwuert "Déconfinement". Dat gëllt dann och fir d'Sendung Am Takt ronderëm d'Lëtzebuerger Musek. No 2 Méint Abstinenz war et dës Kéier eng Zort Réckbléck op déi lescht Wochen.

Well sou richteg roueg war an der Zeen wären der Pandemie dann awer net. Och wann d'Artiste keng Geleeënheet hate virun engem richtege Publikum opzetrieden, sou goufen et eng helle Wull Concerten aus de jeeweilege Stuffen. Aner Gruppen hu sech Zäit geholl fir nei Musek entstoen ze loossen an nach Anerer hunn aus Al, Nei gemaach. Do wier zum Beispill den David Ianni: de Pianist war a kuerzer Zäit direkt 2 mol aktiv, do war den éischten Doudesdag vum Grand-Duc Jean, den David Ianni huet säi Lidd Adieu, dat am Kader vum Doud vum Grand-Duc erauskomm war, fir nei Interpretatiounen disponibel gemaach an aus dem Lidd Together ass abee mol eng international Geschicht ginn.

D'Gutt-Laun-Rocker Cool Feet hate sech och hir Gedanken zum Confinement gemaach an de Slogan "bleift doheem" mat engem neie Lidd ëmgesat. An typescher Cool Feet-Manéier huet d'Grupp op eng Hausparty, ouni Gäscht natierlech, invitéiert.

"Mir wëllen zeréck op d'Bühn" huet den John Rech d'lescht Woch am RTL-Interview gesot. Fir déi Zäit ze verkierzen hunn Dreamcatcher ee Lidd aus hirem Repertoire ee Confinement-Kleed gebastelt. De Choix ass op Happy in my Treehouse gefall, ënner anerem well d'Grupp sech wéi enger Bamhütt all déi Zäit gefillt huet.

Wärend dem Confinement sinn nach eng helle Wull aner nei Produktiounen vu Lëtzebuerger Gruppen an Artisten erauskomm, e klengen Iwwerbléck gëtt et an dëser Playlëscht (natierlech sinn do och eeler Stécker dobäi.

Den nächsten Am Takt gëtt et dann den 8. Juni 2020 op RTL Radio Lëtzebuerg.