Fir déi 2. Sendung Am Takt "Am Deconfinement" war den Anselme Pau bäigeschalt. De Lëtzebuerger Komponist hat scho méi laang wëlles en Album opzehuelen op deem gesonge gëtt. D'Iddi huet elo laang genuch gemautscht fir am Summer Neel mat Käpp ze maachen.

08/06/2020 Am Takt: Anselme Pau

D'Resultat heescht Internetional, eng Mëschung International an Internet, fir ebe grad d'Particularitéit vun dëser Plack z'ënnersträichen. Wéi den Anselme am Interview erkläert huet, gouf et kee physesche Kontakt (wärend der Pandemie souwisou net sou einfach) mat den eenzelen Artisten déi op den 12 Lidder matgewierkt hunn.

Natierlech gouf d'Rad net komplett nei erfonnt, sou de Komponist weider, well d'Praktik fir hei d'Batterie, do d'Gittar an iergendwou aneschters d'Stëmm opzehuelen, gëtt et scho laang. Den Anselme leet awer wäert drop datt hien déi eenzel Acteure vun dësem Projet ni perséinlech kennegeléiert huet, eng richteg Aventure souzesoen.

Aus diverse Grënn, Kompositioune fir Film an Tëlee, huet de Release ëmmer misse geréckelt ginn; elo fir de Summer soll Internetional dann definitiv erauskommen. Am Takt huet den Anselme Pau mat direkt 3 Lidder gemaach; La petite valse, Tell Me an Nunca es tarde para comenzar, ënner anerem och fir d'Diversitéit vun de musikalesche Richtungen ze demonstréieren. Weider Detailer ginn et am Interview.

An hei wat soss nach alles Am Takt gelaf ass (souwäit et op där Plattform disponibel ass)