Den Ament leeft et fir Tuys. Déi Lëtzebuerger Grupp huet an de leschte Wochen d'Serie A Curtain Call For Dreamers ënner d'Leit bruecht. Déi éischt 2 Lidder Papaya a More Than An Account goufen iwwer 80.000 mol op Youtube opgeruff an iwwer Airplay konnt sech Tuys net nëmmen hei zu Lëtzebuerg mä och an Däitschland freeën. E Freiden ass den 3. Deel Ketchup On My Own Knees (Hungry For More) erauskomm. Dat ware Grënn genuch fir mat hinnen ze schwätzen.

15/06/2020 Am Takt: Tuys

Kuerz ier Tuys hiren éischte Concert nom Confinement am CNA zu Diddeleng gespillt hunn, huet sech den Tun Biever e puer Minutten Zäit geholl fir d'Konzept vun der Serie A Curtain Call For Dreamers z'erklären.

D'Zäit doheem huet d'Grupp genotzt fir nei Lidder ze schreiwen, dat wier de positiven Deel vum Confinement gewiescht. Firwat net direkt en Album? Beim Schreiwe vun de Lidder hunn Tuys séier gemierkt datt et an extrem Richtunge géing goen an datt et kee Konzeptalbum géing ginn. Trotzdeem wollt een Zesummenhank tëscht de Lidder an e visuellt Konzept war och schonn do.

All Lidd ass en Dram, all Video eng Dramwelt an d'Tuys spillen d'Rollen an deem Theater, sou den Tun iwwer den Titel vun der Serie A Curtain Call For Dreamers. De Video vum 3. Deel Ketchup On my Own Knees (Hungry For More) feiert den 19. Juni 2020 um 17:00 Première.

A wat ass soss nach Am Takt gelaf? (sou wéi et op dëser Plattform disponibel ass)