Eréischt 17 Joer huet den Invité um Virowend vun Nationalfeierdag; de Pol Dahm huet viru kuerzem seng Debut-EP Vakanz erausbruecht. Déi 3 Lidder huet de Pol selwer geschriwwen, agespillt an opgeholl, deemno eng One Man Show.

22/06/2020 Am Takt: Pol Dahm

De Pol Dahm ass begeeschtert vun Instrumental-Stécker, trotzdeem huet hie bei 2 Lidder op Vakanz eng Stëmm drop gesat, seng Eegen, awer gerappt. Hie selwer seet datt dat mam Sangen net déi grouss Léift ass ma datt et eng helle Wull Bekannte mat gudde Stëmme ginn an Zesummenaarbechte stinn och op der To-Do-Lëscht.

Och wann hei d'Wuert Rap fält ass et keen typesche Rap deen de Pol mécht; hie setzt op richteg Instrumenter an net de Computer, net datt dat net gutt wier, mä de Pol huet gär wann een nach en Instrument héiert.

Seng Musek ass hei disponibel:

Wat ass soss nach Am Takt gelaf um Virowend vun Nationalfeierdag? (sou wéi et op dëser Plattform disponibel ass)