De Maale Gars huet sech an der leschter Juni-Woch Am Takt presentéiert. Seng Musek ass eng Mëschung aus Rap a Pop, wann een d'Lidder sou lauschtert, huet een d'Gefill et wier um Post Malone inspiréiert.

29/06/2020 Am Takt: Maale Gars

Dat confirméiert d'Maale Gars och am Interview. Seng Texter, sou de Lëtzebuerger, wëllt hien éierlech halen an handele vill vu Bezéiungen, tëscht Frënn, tëscht Partner.

Eréischt am Januar ass de Maale Gars mat senger Musek online gaangen, bis haut si 4 Lidder eraus komm, dat Lescht "Ëmmer fir dech do" elo am Juni.

Fir d'Zukunft wëllt den Artist op Concerte setzen, obwuel dat den Ament eng Grëtz méi komplizéiert gëtt, mol kucke wat d'Zäit sou bréngt.

Wat ass ass soss nach Am Takt gelaf? (sou wéi et op dëser Plattform disponibel ass)

Dat war dann och schonn dee leschten Am Takt fir dës (verkierzte Saison), am September geet et erëm weider. Schéi Vakanz everyone.....