Zanter 13 Joer gëtt et d'Band TUYS schonn. Hire Musekstil kéint een als psych-rock bezeechnen. 2018 koum hiren 1. Album mam Numm "swimming youth" eraus. Elo, 2 Joer drop, presentéiere si e neie Projet: D'Serie "A Curtain Call For Dreamers" besteet aus 5 Episoden. Lidder gi no a no mam passende Clip verëffentlecht. D'Serie riicht sech un all déi, déi ze dreemen woen an esou a vollen Zich vum Liewe profitéieren, esou si selwer. Virun 1 Woch ass de 4. Episod eraus komm. Ëm wat geet et am Episod a wéi ass d'Iddi fir dës Serie eigentlech entstaanen? D'Liz Heintz huet mat hinne geschwat.

07.09.2020 Tuys - Jungle L.Heintz ok