Et gouf vill nei Lëtzebuerger Musek Am Takt. Der Däiwel kann ee sech do soen! Verpasst? Kee Problem; kann een alles hei nohuelen. Der Däiwel ass op alle Fall mol e gutt Stéchwuert.

14/09/2020 Am Takt: Der Däiwel & S.k.o.r.

De Jeff Seyler kennt een duerch divers Projeten; Fluyd, Midlife Chris, Encypher an eben Der Däiwel. Och wann et déi lescht Zäit éischter roueg war, sou ass Der Däiwel elo erëm do, en Album ass eréischt fir 2021 geplangt. Iwwer Amygdala Hijack gouf et natierlech vill ze schwätzen.

Déi aner Grupp déi de 14. September Am Takt war, lauschtert op den Numm S.k.o.r. a steet fir Some Kind Of Rock, den Numm ass Programm. Zoufall oder net, de Luc Weber, de Batteur bei S.k.o.r., schléit och bei Der Däiwel op d'Tromm.

Hei fannt dir d'Lidder déi dës Kéier Am Takt gelaf sinn (sou wéi se op där Plattform disponibel sinn):

Nächste Méindeg, 21/09/2020, ass natierlech och erëm Am Takt, déi Kéier mat der Grupp Kwaidan.