Dës Kéier war et méi rockeg Am Takt: de Claude Fridrici huet säin neie Projet Kwaïdan virgestallt.

21/09/2020 Am Takt: Kwaïdan

D'Grupp gëtt et elo e gutt Joer a mat Secret Paradise ass Ufank September eng éischt EP erauskomm. Am Interview huet de Claude erkläert datt nach méi Stécker fäerdeg wieren an datt dann och iergendwann en Album nokënnt, Secret Paradise ass nëmmen den Ufank.

Wien alles bei Kwaïdan dobäi ass, wat Kwaïdan iwwerhaapt heescht an nach villes méi, gëtt een am Interview gewuer, deen et och als Podcast gëtt, also roueg abonéieren.

Donieft ass et och ëm de Sven Sauber gaangen; deen huet wéinst Corona de Release vum Album Another Day am Mäerz missten ofsoen, de Concert gëtt et elo de 27. September am Centre Culturel Opderschmelz zu Diddeleng nogeholl.

Dann natierlech och nach d'Top 3 vun de meeschtgespillte Lidder (made in Luxembourg, of course) déi lescht Woch op RTL:

3. A-55 - Halfway Home

2. Magnus & John - Fuse Together

an am meeschte gespillt déi lescht 7 Deeg.......

A wéi ëmmer fir ofzeschléissen; d'Lëscht vun de Lidder déi an der Sendung vum 21. September Am Takt gelaf sinn (sou wéi se op dëser Plattform disponibel sinn):