Eng helle Wull nei Musek, natierlech alles aus dem Grand-Duché, gouf et déi Kéier Am Takt. Vun Jazz, Hip Hop iwwer Folk bis bei Singer-Songwriter. Zum Beispill war d'Claire Parsons war am Interview fir de Release vun In Geometry e Samschden (03/10/2020) an der Schungfabrik zu Téiteng virzestellen.

28/09/2020 Am Takt: Claire Parsons & Damien

Ma selbstverständlech ass et och ëm d'Artistin selwer gaangen; d'Claire ass scho ganz fréi bei d'Musek komm, huet den Jazz awer eréischt méi spéit fir sech entdeckt. Wat awer net heesche wëll datt sech d'Musekerin deenen anere Genrë verschléisst (bis op klassesch Oper, dat traut sech d'Claire net zou). Iwwer de rezente Master ass och geschwat ginn, grad ewéi d'Erfarung mat de Luxembourg Music Awards, bei deenen d'Claire Parsons an der Kategorie Best Upcoming Musician gewonnen hat.

Am Takt war dann och den Damien Giudice, dee kennt een an der Lëtzebuerger Musekszeen eventuell als Sänger aus der Formatioun “Creatures on Mars”, déi d’lescht Woch och um “On Stéitsch” Festival opgetrueden ass. Ma de jonke Museker huet elo och e Solo-Projet gestart. Mam einfachen Numm “Damien”. Viru gutt enger Woch huet hie seng alleréischt Single mam Numm “Don’t kill my vibe” eraus bruecht. D’Liz Heintz huet mam Kënschtler geschwat.

28-09-2020 Damien Dont kill my vibe (L.Heintz)

Donieft waren ënner anerem och nach The Tame And The Wild an den T The Boss Am Takt mat neier Musek; kuckt hei d'Videoen:

An hei nach d'Lidder (sou wéi se op dëser Plattform disponibel sinn) déi den 28. September 2020 Am Takt waren: