Vintage Pop steet op senger Internetsäit; de Lata Gouveia war dës Woch de virtuellen Invité Am Takt. Zu Lissabon op d'Welt komm, zu Lëtzebuerg grouss ginn a seng éischt musikalesch Schrëtt zu London gemaach, ouni seng Experienz zu Oklahoma an de States ze vergiessen. De Singer-Songwriter, dee Lëtzebuerg awer seng Heemecht nennt, bitt also genuch Stoff fir en Interview

05/10/2020 Am Takt: Lata Gouveia

Zum Beispill huet hien iwwer seng musikalesch Helde geschwat wéi den Tom Petty oder de Bruce Springsteen, och seng Zesummenaarbecht mam Jeff Herr a Joel Heyard fir de Projet Gazmen, grad ewéi de Grund Club sinn op d'Tapéit komm.

Säin neien Album leit dann awer ënnert dem Coronavirus; eigentlech sollt d'Plack elo am Oktober Live virgestallt ginn, ma well de Lata awer der Meenung ass datt seng Musek net sou gutt an e Sall passt wou d'Leit sëtze muss, mécht d'Ukënnegung vun engem neien Datum fir de Release schlicht an einfach kee Sënn. Stay The Same ass op alle Fall seng aktuell Single, et sollen an den nächste Wochen awer nach Lidder nokommen.

An dësem Am Takt konnt een dann och déi nei Single vum Tyra entdecken. Heavenly Way To Sin ass eng weider Zesummenaarbecht mam Ulrich Hilbel a.k.a George Preston.

Déi 3meescht gespillte Lidder déi lescht 7 Deeg op RTL waren dann dës Stécker.

An zum Schluss nach d'Playlist vun der Sendung vum 5. Oktober 2020 (sou wéi se op dëser Plattform disponibel ass)