Covid-19 an déi nei Erausfuerderung als Familljepapp hunn d'Sortie vun der neier Bye Bye Bay-Single Bad Girl ëmmer nees no hanne geréckelt. Dës Woch ass et dann endlech souwäit an domat och den idealen Zäitpunkt fir mam Pierre Bihl iwwer déi lescht Méint ze poteren.

12/10/2020 Am Takt: Bye Bye Bay

Och dem Pierre Bihl a seng Grupp Bye Bye Bay ass de Coronavirus net geleeë komm; Bad Girl sollt schonn am Mäerz dëst Joer erauskommen, mä et sollt eben alles anescht kommen. Wärend deem ganze Misär ass de Pierre awer och Papp gi sou datt d'Musek nëmmen nach déi 2. Gei gespillt huet. E puer Méint méi spéit, jiddereen ass gesond, ass et dann elo un der neier Single Bad Girl (den 20. Oktober 2020 kënnt d'Lidd offiziell eraus. Am Takt hu mir d'Première gefeiert.

© ©Gabriela Kaziuk

Nieft Bad Girl war den Owend och nach den éischten Optrëtt vun engem komplett neie Projet deen elo eréischt de 6. Oktober en éischt Lidd erausbruecht huet. Call it Zulu mat Nothing To Lose, eppes méi rockeg wéi Bye Bye Bay.

An déi 2. Single vum Matt de Cae, Zesummen Sinn, hat sech och an de Programm verlaf. Flotte Message inclus; d'Lidd soll dem Land den néidege Courage mat op de Wee ginn, am Kontext Covid-19.

A fir ofzeschléissen nach d'Playlist vun Am Takt vum 12. Oktober 2020 (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn):