Moons of Uranus oder Moons of Uranus? Beim Schreiwe mierkt een den Ënnerscheed net, mä et kann een Uranus op zwou Manéieren ausschwätzen. Moons of Uranus heescht de 6. Album vun der Benoît Martiny Band deen elo am Oktober endlech erauskomm ass.

19/10/2020 Am Takt: Benoît Martiny

E Release deen de Benoît Martiny och mat enger Tréin entgéint féiwert, 2 vun de Museker déi um Album ze héiere sinn, si viru kuerzem fir ëmmer vun eis gaangen. Jazz, awer net nëmmen; de Benoît nennt seng Musek "eng Spillplaz op där ech alles maache kann". Iwwer den Eddie Van Halen ass och geschwat ginn a wie ganz gutt oppasst héiert dem Benoît Martiny seng Kaz och kuerz am Interview. En Donneschden (22/10/2020) ass de Release vu Moons of Uranus am Kulturhaus zu Nidderaanwen.

Donieft huet d'Liz Heintz déi nei Single vum LeDé Milestone virgestallt:

An hei nach d'Lidder déi des Kéier "Am Takt" waren (wou wéi se op dëser Plattform disponibel sinn):