Full House den Owend. D'Lisa Mariotto an d'Marion Welter stellen hir nei Plack fir vun där den integralen Erléis fir de gudden Zweck ass an de Jeff Seyler hat et ugekënnegt, den neien Album vun Encypher ass sou gutt wéi fäerdeg.

26/10/2020 Am Takt: Lisa Mariotto & Marion Welter an Encypher

Wärend dem Confinement huet d'Lisa Mariotto fläisseg un neier Musek gebastelt, eppes dat dem Marion Welter opgefall ass an och mat Begeeschterung ënnerstëtzt gouf; also nëmmen eng Fro vun der Zäit bis eng Zesummenaarbecht. D'Resultat ass elo do an heescht Fräi Sinn. 10 Lidder déi Stëmmung maachen a virun allem 10 Lidder déi karitativ sinn. Den Erléis vun der Plack ass nämlech fir de gudden Zweck.

26/10/2020 Am Takt: Lisa Mariotto & Marion Welter

Duerno ass et eng Grëtz méi rau ginn. De Jeff Seyler (Fluyd, Der Däiwel, Midlife Chris an eben Encypher) huet Oblivion virgestallt, déi nei (ganz nei wier iwwerdriwwen, well den Album scho laang an der Maach ass) Plack vun Encypher. De 27. Oktober kënnt Oblivion offiziell eraus, definitiv eppes fir d'Metalheadz (an virun allem fir déi Leit déi wëssen datt d'90er net nëmmen d'Backstreet Boys an de Captain Jack Musek gemaach hunn).

26/10/2020 Am Takt: Encypher

An hei dann d'Playlist vun Am Takt vum 26. Oktober 2020 (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform ze fanne sinn):

SPOILER ALERT: den 2. November 2020 ass keen Am Takt! Schéi Vakanz, bleift gesond a bis den 9. November 2020.