Den Ament sëtzt den Josh Island zu Maastricht. De gebiertege Britt seet selwer hie wär en Europäer, well net nëmmen an Holland an an Däitschland huet den Josh vill Zäit verbruecht, och hei zu Lëtzebuerg huet hien en Deel vu sengem Liewe gemaach. Apropos Europa; seng nei Single Fire In You ass a Portugal opgeholl ginn.

16/11/2020 Am Takt: Josh Island

Zwou Woche war hien do ënnen am Studio nodeems ee vu senge Museker d'Propos gemaach hat dee Wee ze goen. D'Resultat ass ebe Fire In You an nach eng Rëtsch aner Lidder déi am Februar d'nächst Joer op enger EP erauskomme sollen, geplangt ass och e Release-Concert Opderschmelz, respektiv eng Tour duerch Däitschland, mä wie weess wat an e puer Méint ass. Apropos Corona; d'Pandemie huet weider keng Spuere bei sengem Songwriting hannerlooss, allerdéngs kéint de Museker sech virstellen eng Paus mat der Musek ze maachen, de Fall gesat et wier keng Besserung a Siicht, parallel schafft den Josh jo och fir d'Kolleege vun RTL Today. Loosse mir awer elo mol net de Kapp an de Sand stieche mä un d'Léift denken, dorëms geet et nämlech a Fire In You.

D'lescht Woch e Freiden (dat war e Freideg den 13., hoffentlech kee schlecht Omen :)) huet den Jimmy Leen en neit Stéck Musek erausbruecht. Desert Wolves handelt vun de Kontraster am Liewen. Heiansdo ass et gutt seng Perspektiv ze wiesselen fir deen aneren Mënsch ze verstoen. Leen ass dem Jimmy säin eegene Projet, hie séngt jo och nach ënner anerem bei Mad Fox.

Meeschtgespillten (lëtzebuergescht natierlech) Lidd déi lescht 7 Deeg op RTL:

An hei d'Playlist vun der Sendung Am Takt vum 16. November 2020 (souwéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)

Bleift gesond a bis d'nächst Woch.....