Fir d'lescht dëst Joer Am Takt. Awer Vollgas. De Misch vun den Dëppegéisser, de Flëpp vun The Tame and The Wild an d'Liz Heintz mam Muntu, heiansdo si 60 Minutte Sendung ganz séier ëm.

14/12/2020 Am Takt: Dëppegéisser, The Tame and The Wild & Muntu

D'Dëppegéisser nennen d'Kand mam Numm; den Tram heescht Siggi, an de Siggi huet e Lidd gebraucht, de Misch a seng Leit hu sech där Saach ugeholl. Natierlech ass och den allgemengen Zoustand vun den Dëppegéisser analyséiert ginn an de Misch huet net alles verroden, mä et ass nach Musek an der Maach, et hätt eppes mat Téinert ze dinn. Affär à suivre.

14/12/2020 Am Takt: Dëppegéisser

De Flëpp vun The Tame and The Wild hat sech dann och e puer Minutten Zäit geholl fir iwwer dat neit Stéck Stripped Down To The Bones ze schwätzen dat den 18. Dezember offiziell erauskënnt. De Bob hat seng léif Méi fir Vulrabiniltéit, Vulneratili, Vuln..... bon.... Verletzlechkeet erauszekréien. Dorëms geet et nämlech am neie Lidd, dat iwweregens en Deel vun engem Projet mam Numm We Lost More Than A Battle ass.

14/12/2020 Am Takt: The Tame and The Wild
RTL

An Däitschland gebuer, zu Lëtzebuerg opgewuess a Kongolesesch Wuerzelen. Dem Muntu säi Background ass esou villfälteg wéi seng Musek. Hiphop, Dancehall an Afromusek , all déi Elementer fënnt een a senger Musek erëm. De jonke Kënschtler huet schonn am Alter vu 19 Joer e Vertrag zu Berlin bei Sony ATV ënnerschriwwen. Seng Lidder ginn am Mount ronn 100.000 mol op Spotify ugeklickt a viru kuerzem stoung ee vu senge Songs, dat hie fir déi Däitsch Kënschtlerin „Lune“ geschriwwen huet, op Platz 2 vun den däitschen Charts. Wéi ass hien zu der Musek komm a wat wou wëll hien nach hin? D'Liz Heintz huet mat him geschwat.

14/12/2020 Am Takt: Dëppegéisser, Muntu

Hei dann d'Lidder vun der leschter Sendung Am Takt fir d'Joer 2020 (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform ze kréie sinn)

Bis d'nächst Joer, bleift gesond.... Kussi (mat Mask)

Äddi a Metti