Éischten Am Takt am neie Joer; Happy New Year. Och 2021 mat vill neier Musek aus dem Grand-Duché. Am Episod 1 ass d'Grupp Zero Point Five op Besuch fir iwwer hiren Documentaire Make It Count ze poteren deen nom Release vun hirem leschten Album Southern Breeze entstanen ass.

11/01/2021 Am Takt: Zero Point Five
RTL

© © Tammy Shuh, Sam Flammang, Jil Zago

Dobäi hat 2020 eigentlech gutt fir de Kiko, de Gilles an de Chris ugefaangen; de Release vum Album gouf mat Concerte gefeiert, et ware souguer Gigs an den USA geplangt. Obwuel de Virus grouss Deeler vun der Welt brooch geluecht huet, huet sech Zero Point Five net mat der Situatioun ugefrënnt a weider gemaach. Op eegen Initiativ goufen awer Concerte gespillt an hir Musek mat de Fans gedeelt. Dat alles ass am Documentaire Make It Count festgehalen deen den 28. Dezember 2020 Première gefeiert huet.

Ee vun de Concerten "am Quartier" huet d'Grupp dann och integral an d'Netz eropgelueden (Vill Spaass mat de klengen Iwwerraschungen :))

Am neie Joer gëtt natierlech och gekuckt wéi eng Lëtzebuerger Kënschtler an enger Woch am meeschten um Radio gelaf sinn; dës Kéier geet Gold u Cool Feet, deenen hire Video fir 20-21 och elo op youtube ze fannen ass (oder direkt hei)

Hei dann nach d'Lëscht vun de Lidder déi Am Takt gelaf sinn (sou wéi se op dëser Plattform ze fanne sinn)

D'nächst Woch geet et ënner anerem ëm den aktuelle Projet vum Jim Braun, dee kennt een zum Beispill duerch d'Grupp Austinn.