Fluyd, Surf Cowboys, Dechmanndondlinger, De Midlife Chris..... jee d'Lëscht vun de Gruppen ass laang an deenen de Pascal Dechmann matgewierkt huet. Wann et drëms geet op enger Bün ze stoen, bleift de Pascal dem Rock trei, allerdéngs geet seng aktuell Musek an eng aner Richtung. Zesumme mam Elise Nunes, an elo der brittescher Sängerin Sonna Rele, fiert de Lëtzebuerger op der EDM-Schinn. An domat wiere mir net all ze wäit vum Jimmi Harvey ewech; dee kennt een duerch ënner anerem Angel At My Table an Austinn, ma och den Jimmy Braun huet sech elo an d'Beats verléift.

18/01/2021 Am Takt: Pascal Dechmann & Jimmi Harvey
RTL

Fänke mir mam Pascal un; duerch Kontakter ass abee mol d'Méiglechkeet do gewiescht fir mam Sonna Rele zesummen ze schaffen; eng Zesummenaarbecht déi vun Ufank un harmonéiert huet, souguer sou gutt datt bis ewell 7 Lidder tëscht Lëtzebuerg a London entstane sinn, déi dann elo Stéck fir Stéck erauskommen.

Your Eyes am Dezember d'lescht Joer, duerno geet et am Februar mat Rise Up weider an am Mäerz kënnt eng Coverversioun vun engem Lidd aus den 80er eraus, alles wollt (a konnt) de Pascal Dechmann natierlech net verroden (mir hunn eis awer Rendezvous gi wann et esouwäit ass).

18/01/2021 Am Takt: Pascal Dechmann
RTL

De Jimmy Braun kennt een an der Lëtzebuerger Musekszeen eventuell aus Formatioune wéi "Angel at my Table" oder zulescht och nach "Austinn". Mëttlerweil huet hie säi Stil awer bësse geännert an ass vum Rock op d'House-Musek ëmgesprongen. Ënnert dem Numm "Jimmi Harvey" produzéiert hie momentan zu Berlin Musek a versicht sech do en Numm ze maachen. D'Liz Heintz huet mam jonke Museker geschwat.

18-01-2021 Jimmi Harvey

An hei dann nach d'Playlist vun dëser Woch (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)