Dës Kéier um Menü; Trash-Metal vu Praetor a Pop-Punk vu Mallows. Wéi heescht et sou schéin "Fasten Your Seatbelts" well moshe wier definitiv méiglech gewiescht.

25/01/2021 Am Takt: Praetor & Mallows
RTL

Fir d'éischt war et um Hugo; de Sänger a Gittarist kennt een ënner anerem duerch d'Grupp Lost In Pain. Fir Praetor (do musse mir dann ënner anerem mam Noemie schwätze wat dat eigentlech heescht) huet den Hugo sech mam Noemie (spillt d'Lead Guitar), mam Sebastien (Bass) an Alex (Drums) zesumme gedoen, domat ass et dann och internationale Projet, de Rescht vu Praetor kënnt nämlech aus Frankräich. Momentan ginn et zwou Opname vun der Grupp, déi hire Wee schonn an d'Videowelt fonnt hunn, dorënner Screens, sou en typesche Corona-Video, Trash-Metal op Distanz, et ça fonctionne :)

Am Interview huet den Hugo dann nach erkläert wou d'Aarbechte fir en Debutalbum dru sinn, wéi si 2020 erlieft hunn a wéi d'Grupp iwwerhaapt entstanen ass, Metallica huet indirekt och eppes domat ze dinn.

25/01/2021 Am Takt: Praetor
RTL

Nom Trash-Metal war et u Pop-Punk, méi genee; inspiréiert um Pop-Punk aus den 90er an den 00er. Hätt de Pol deemools säi Mikro net verkaf géing et Mallows haut warscheinlech guer net ginn, well sou gouf nämlech de Grondstee vum Quartett geluecht. A well de Ralph an d'Shirley sech och schonn eng Zäitchen net méi gesinn haten, war abee mol alles kloer; mir maache Musek zesummen an nennen eis Mallows (sou séier ass et bestëmmt net gaangen, mä dat nennt een e Resumé, de Rescht gitt dir am Interview gewuer). Dach eppes verroden ech nach; fir Tailspin, dat neit Lidd, gëtt et e Video.

25/01/2021 Am Takt: Mallows

Da luusse mir nach iwwer d'Playlist vum Sendung vum 25. Januar 2021 (sou wéi een d'Lidder op dëser Plattform kritt)

Bleift propper a gesond.