Zënter 11 Joer probéiert Music:LX d'Musek aus dem Grand-Duché an d'Ausland z'exportéieren. Den Export-Büro fir d'Lëtzebuerger Musek gehéiert vun elo un zu Kultur:LX, ma un der Strategie ännert näischt. E Mann vun der éischter Stonn vun dësem Projet, de Bob Krieps, an den aktuellen Direkter Giovanni Tronno hunn d'Konzept "Am Takt" nach eng Kéier virgestallt. Den 2. Gaascht war d'Elise Nunes, d'Sängerin kennt een duerch Gruppe wéi Stelise an Heavy Petrol an eventuell och Patient Zero déi et zënter bal engem Joer gëtt. Et ass ëm dat 3. Lidd Unrequited Love vu Patient Zero gaangen.

01/02/2021 Am Takt: Kultur LX & Patient Zero

Mat der Hëllef vum Export-Büro Music:LX konnten eng Rëtsch Artisten aus dem Grand-Duché am Ausland Erfarunge sammelen. An all deene Joer ass den Intressi fir d'Musek vu Lëtzebuerger Kënschtler gewuess sou datt et och elo "méi einfach" ass fir méiglech Optrëtter an der ganzer Welt ze fannen. Natierlech hannerléisst d'Pandemie och hir Spueren an dësem Beräich, dowéinst huet ee bei Music:LX d'lescht Joer och ëmgeduecht a verschidden Initiative geholl, déi ee villäicht nach net sou séier huele wollt, fir d'Artiste weider z'ënnerstëtzen; zum Beispill ass Amplify:LX entstanen, en online Event bei deem 6 Gruppe presentéiert goufen an iwwer 150 Professioneller aus dem Secteur deelgeholl hunn, eng Aktioun déi vill positive Feedback krut. Vu Music:LX bis Kultur:LX, eng kleng Zäitrees.

01/02/2021 Am Takt: aus Music LX gëtt Kultur LX

Wann ee Patient Zero liest, denkt een automatesch un d'Pandemie. Esou ass et och zimmlech einfach nozevollzéien, firwat sech d'Grupp Patient Zero ebe Patient Zero genannt huet. Am Mäerz d'lescht Joer, d'Land war am Confinement, hu sech d'Elise, den Alex, den Yves, den Dan an de Steve zesummegesat an d'Grupp Patient Zero gegrënnt. Déi eenzel Membere kennt ee villäicht aus Gruppe wéi Porn Queen, Fred Barreto Group, Stelise oder Heavy Petrol, a wann een déi Nimm all héiert, kënnt ee séier op d'Iddi datt et hei rockeg zougeet. "Mir wollten eppes aneres probéieren!" sou d'Elise am Interview, Ophänkert war natierlech déi 3. gemeinsam Single Unrequited Love.

01/02/2021 Am Takt: Patient Zero

Weidere Sujet Am Takt war de Serge Tonnar. Nodeems virun e puer Woche "Muer ass ofgesot" erauskomm ass, huet sech de Stëlltefëller mam Doud ausernee gesat. Net onbedéngt mat sengem Eegenen, mä villméi dem Doud deen am Lidd Léiwer Herrgottsblieschen virkënnt, deen awer zënter an ëmmer an éiweg zenséiert gëtt. Aus "an déi al Leit stierwen" kritt al Generatioun "an déi Al derniewent" agetriichtert. De Serge stéiert sech do drun a schreift, ënner anerem an engem Communiqué, datt den Doud leider zum Liewen dozou gehéiert a freet sech firwat dat Thema nach ëmmer tabu ass? A wat mécht een als Liddermécher wann ee sou Gedanke féiert? Et mécht een eng eege Versioun. Hei ass se:

An hei dann nach d'Playlist vun dëser Sendung (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform ze fanne sinn)