
De Bassist, Studiomuseker a Member vun der Coverband Challengers, den Heng Kleren, huet wëlles eppes wéi Band Aid oder USA for Africa op d'Been ze stellen, selbstverständlech mat Artisten aus dem Grand-Duché. Wéinst den aktuellen Ëmstänn ass ee mam Projet nach net sou wäit wéi een eigentlech scho wollt sinn. Am Takt goufen et d'Detailer.
Zum Beispill firwat den Heng Kleren sech d'Asbl Wonschstär erausgesicht huet, wéi eng Museker bis elo scho beim Projet dobäi sinn, wéi iwwerhaapt d'Iddi entstanen ass fir sou e Lidd ze maachen a wéini den Heng domat rechent fäerdeg ze sinn.
Hei geet et op d'Facebook-Säit vum Heng
Hei d'Lëscht vun den 3 meeschtgespillte Lidder déi lescht 7 Deeg op RTL:
Plaz 3 - Steve Reiffers feat. Ben Botfield - Can't Go Back
Plaz 2 - Jimmi Harvey - Feeling Alive
Plaz 1 - Kinga Rose - If I Can't Breathe
An hei nach d'Playlist vun dëser Sendung (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)
