Leit déi schaffen, soll een een net stéieren. Dorunner huet sech de Bob dës Kéier net gehalen, an en hat och gudde Grond. De Georges Goerens huet de Weekend iwwer en éischten Deel vun enger neier EP erausbruecht, also wann dat kee Grond fir nozefroen ass wéi et mam Projet Bartleby Delicate ausgesäit.

15/02/2021 Am Takt: Bartleby Delicate

De Rendezvous ass also op e Méinden Owend gefall, op deem de Georges mat senge Kolleege vu Seed To Tree e Sit-in am Studio hat fir un neiem Material ze schaffen, an anere Wierder; och do ass eppes an nächster Zukunft z'erwaarden. Dem Georges geet et souwäit gutt, wéi vill aner Museker vermësst hien de Live natierlech och a kann et kaum erwaarden erëm fir viru Leit ze spillen, seng aktuell Hoffnung geet Richtung Summer vun dësem Joer. Déi éischt Single aus der neier EP ass Winter's Dark gedeeft; kléngt op den éischt Bléck negativ an däischter, ma am Interview erkläert de Georges datt d'Pandemie och positiv Aspekter beim Museker hannerlooss huet. Méi iwwert dësen europäeschen Projet (d'Lidd ass nämlech direkt an e puer Länner entstanen) gitt dir am Interview gewuer.

Da krute mir de Weekend iwwer och Post vun Hengescht. D'Sängerin vu Scars On Louise, d'Laura Rudewig, hat sech gemellt well d'Grupp (de Rescht kënnt vu St. Vith) mat Revive In Me e fonkelneit Stéck Musek hätt.

An apropos nei; de George Philippart an de Vojtech (do feelt nach en Hittchen um, awer deen anere Wee) Zafouril (och hei feelt en ëmgedréinten Hittchen awer dës Kéier um r) huet sech d'lescht Joer bei The Voice of Germany kennegeléiert an huelen mat engem Cover vum Presley-Klassiker Can't Help Falling In Love dat no wat déi 2 eigentlech schonn an hirem Battle wëlles haten.

Da bleift nach d'Playlist vun der Sendung vu Fuesméindeg (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)