Brasilianesch Elteren, a Portugal op d'Welt komm, mat 3 Joer op Lëtzebuerg komm an a Frankräich studéiert; d'Fernanda Stange kann een duerchaus als Biergerin vun der Welt bezeechnen. A well d'Fernanda och nach Musek mécht, a mat My Perfect Crime en neit Lidd do ass, goufen et méi wéi genuch Grënn fir d'Sängerin an d'Sendung z'invitéieren.

22/02/2021 Am Takt: Fernanda Stange

Et goufen also genuch Themen unzeschwätze mat der Musekerin déi sech selwer am Folk-Pop gesäit, awer hir Originnen net komplett op der Säit léisst, zum Beispill gëtt op de Concerten och mol op brasilianesch gesongen. Apropos Concert; de 5. Mäerz trëtt d'Fernanda Stange zesumme mat Ptolemea a Go By Brooks um The Stage is Hers zu Déifferdeng am ale Stadhaus op, e Mini-Festival mat lauter Frontfraen.

Eng kleng Iwwerraschung gouf et och wärend dem Interview mam Fernanda, well deen deen den Interview gemaach huet (iergend ee Bob) wousst net datt d'Fernanda och nach en "Daytime"-Job huet an zwar Dokter an enger Urgence. Do läit natierlech och d'Fro op der Hand, ob et iwwerhaapt nach méiglech war an der leschter Zäit fir Musek ze maachen, ëmmerhi war an den Urgencë genuch lass; kloer Äntwert "d'Musek rett och Liewen".

An hei nach d'Playlist vun dëser Sendung Am Takt (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform ze fanne sinn)