Kuerze Resumé vun dëser Editioun; Nei an Hip Hop. Gutt, e bësse méi Erklärung ass bestëmmt net vu Muttwëll. Alsooooooo; de Max Fellinger, Lëtzebuerger deen zu Hamburg studéiert, huet mam Hardy, e jonke Mann aus der däitscher Provënz, de Projet B.M.A. (Brudis mit Attitudis) gegrënnt; dat wier mol den Hip Hop-Deel. Neits gouf et dës Kéier dann awer och vun I AM SEA an engem fréiere Member vun ANGEL AT MY TABLE.

01/03/2021 Am Takt: B.M.A. (Brudis mit Attitudis)

B.M.A. waren also d'Gäscht vun der éischter Sendung fir de Mäerz. De Max an den Hardy, respektiv de Lil Sticky an de Yung Krüml (dat sinn hir Kënschtlernimm) hu sech u sech iwwer en Techno-Kollektiv kennegeléiert, fir elo dann awer Hip Hop ze maachen. Wéi vill Blingbling an Chicks an hirer Musek virkommen, wat se vun Autotune halen a wat Zukunft brénge soll, hunn déi 2 sympathesch Rapper Am Takt erkläert.

Nieft de Brudis also ganz vill nei Musek; zum Beispill vum Archie Lee Hooker, Neveu vun der Blues-Legend John Lee Hooker, deen eng Partie Lëtzebuerger Museker a senger Band spillen huet, dorënner den Yves Ditsch an de Fred Barreto (et gëtt leider nach kee Video fir Living In A Memory).

Vum Marc Holstein, aka I AM SEA, gëtt et dann och nei Musek. What If heescht déi nei Single.

A mam Tom Aschman, deen elo ënnert dem Numm Woo Syrah, Musek mécht, ass et dann och kuerz ëm Angel At My Table gaangen, den Tom war nämlech Gittarist bei dëser Grupp. Lieft aktuell zu Berlin an huet sech dem NeoGrunge verschriwwen.

Bleift nach d'Playlist vun dësem Am Takt (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)