Et war eng Grëtz méi sentimental Am Takt. Den David Ianni huet mat Follow Me Home viru kuerzem en Album erausbruecht dee säin Ursprong awer schonn am Februar 2013 huet. Dann ass dem David seng Musek aktuell an enger Reklamm ze héieren a wann alles klappt, wäerten am Summer 2 Live-Optrëtter zustane kommen. Et war also genuch Material do fir en intressant Gespréich.

22/03/2021 Am Takt: David Ianni
RTL

Virun 8 Joer huet den David Ianni Musek fir en Documentaire vun der Stëmm vun der Strooss komponéiert; den David um Piano an d'Lisa Berg um Cello. Wéi sech erausstelle sollt eng Aarbecht déi am Laf vun de Joer ëmmer méi sentimental gi sollt. Do wier zum Beispill d'Thematik vun de Leit ouni Daach iwwert dem Kapp; eng Realitéit déi et nach ëmmer geet an dem Museker nogeet. Awer och d'Participatioun vum Lisa Berg bei dësem Projet; d'Cellisten huet virun 2 Joer de Kampf géint de Kriibs verluer.

Datt den David awer genee sou gutt mat positiven Aspekter vum Liewe schaffe kann, beweist seng Kompositioun fir eng nei Gamme vum Oberweis; eng Première fir de Pianist; seng Musek war bis elo nach ni an enger Reklamm ze héieren. Wéi di meescht Artisten huet och den David Ianni op ganz vill Concerten an Optrëtter misse verzichten, sollt et awer am Juni méiglech sinn, kann ee sech op Concert am Schlass zu Veianen astellen, respektiv an der Philharmonie, kuerz duerno, fir de Release vun engem Duebelalbum.

An der Lëscht vun de meeschtgespillte Lidder (déi lescht 7 Deeg um Radio) huet dës Kéier d'Angel Cara op déi éischt Plaz gepackt.

An da bleift nach de Rescht vun der Playlist vun dëser Sendung (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn: