Jodele verbënnt een zimmlech direkt mat de Bierger. Mä mat Lëtzebuerg? (no offence Éislek). Da Yodla heescht de Projet vun den zwou Powerfraen Ingrid Schwarz an Yael de Vries. D'Ingrid wunnt zu Tréier an ass zënter e puer Joer zu Diddeleng an der Museksschoul fir Gesang z'ënnerriichten, d'Yael ass aus der Schwäiz an eng ausgebilte Musicalsängerin, an zesumme gëtt gejodelt.

19/04/2021 Am Takt: Da Yodla
RTL

Mat all där Erfarung déi d'Ingrid an d'Yael bis ewell an hirem Liewe gesammelt hunn, ass sech fir de Projet Da Yodla also d'Jodele konzentréiert ginn, iwwregens kann ee jodele léieren (huet d'Yael mol sou am Interview erkläert). Datt et natierlech komplizéiert ass wärend enger Pandemie Musek zesummen opzehuele läit op der Hand, allerdéngs hunn Da Yodla déi Hürd gutt gemeeschtert a sou dierft an den nächste Wochen a Méint no Party Chick, dat ass déi éischt offiziell Single, nach dat eent oder anert Lidd erauskommen a wie weess villäicht kommen Da Yodla och eng Kéier an déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz jodelen.

Am Klassement vun den 3 meescht gespillte Lidder déi lescht 7 Deeg hat dës Kéier Forgiveness d'Nues vir.

An hei nach de Rescht vun der Playlist vun dëser Sendung (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn.

D'nächst Woch ass de Pascal Dechmann Am Takt. Mir schwätzen dann ënner anerem iwwer de Van Halen-Cover Jump.