De Matteo huet sech de Kënschtlernumm Culture The Kid erausbruecht an och wann den 18 Joer jonke Lëtzebuerger beim The Qwest Freestyle Challenge duerch säin Talent am Beräich Hip Hop geglänzt huet (de Matteo war ee vun den 3 Gewënner) sou limitéiert hie sech awer net exklusiv op eng Richtung.

03/05/2021 Am Takt: Culture The Kid

Dat wäerte mir da souguer schonn am Summer dëst Joer gewuer gi wann de Culture The Kid eng EP erausbréngt op där hien och d'Gittar an de Grapp hëlt. Aktuell kann ee sech e Bild vu senger Musek um Mixtape General Culture maachen.

Et kéint nawell gutt sinn datt dir de Matteo scho gesinn huet, villäicht net op engem Concert oder an engem Museksvideo, mä an der éischter Staffel Capitani; de Matteo hat sech spontan beim Casting gemellt a wéi sech erausgestallt huet dunn d'Roll vum Tun krut, e Grond méi fir d'Serie endlech ze kucken (oder eben nach eng Kéier).

Fazit: Culture The Kid ass e Projet deen eis an den nächste Wochen a Méint nach dierft iwwerraschen, op alle Fall ass d'Qualitéit an d'Authentizitéit do.

An hei nach de Rescht vun der Playlist vun dëser Sendung (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform ze fanne sinn)