Iwwert de klassesche Wee bei d'Musek komm, fir Dior gemodelt an elo mat Alternative Pop op de Lëtzebuerger Radioen ënnerwee. Bei deem Parcours kann ee scho mol dronke ginn, dowéinst war et och nëmmen eng Fro vun der Zäit bis sech d'Angel Cara eng Kéier Am Takt verlafe géing. Dat war dann eben dës Kéier de Fall.

07/06/2021 Am Takt: Angel Cara

Déi 22 Joer jonk Kënschtlerin huet sech um Catwalk, respektiv virun der Kamera net wuel gespiert, an dowéinst dem Modelen och keng Zukunft ginn. Well d'Musek scho ganz fréi e wichtegen Deel vu sengem Liewe war, ass et elo och net ganz verwonnerlech datt d'Angel Cara sech elo an de Pop-Business lancéiert huet. Zesumme mam Tom Gatti an den Unison Studios zu Déifferdeng si schonn 2 Lidder, Forgiveness a Beautiful entstanen.

Et sinn awer nach aner Lidder an der Maach, ënner anerem och mam Max Hochmuth, esou datt ee villäicht nach dëst Joer mat enger EP rechne kann.

Nieft dem Angel Cara louch dës Kéier de Fokus op de Concerten an den nächste Wochen a Méint zu Lëtzebuerg, do deet sech eppes. Zum Beispill zitt Diddeleng d'Fête de la musique dëst Joer iwwer 4 Deeg (mat Concerte vum Cali, Lotte, Josh a Lemon Tree awer och enger helle Wull nationalen Artiste wéi The Tame And The Wild (déi an e puer Deeg en neit Lidd erausbréngen), Nicool, De Läb asw)(ech hoffen all Klamer ass zou).

Eppes ass um Wupp awer net duerchgaangen, an zwar dat meeschtgespillte Lidd déi lescht Woch um Radio (huele mir dann elo hei no)

Wat ass soss nach gelaf? (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)

Ding Ding -> d'nächst Woch (14.06.2021) ass keen Am Takt