Den Ament ass de Joe Weber zu Tréier op der Uni a preparéiert parallel seng musikalesch Karriär. Ënnert dem Kënschtlernumm Lionheart kënnt elo säin éischt Lidd op Lëtzebuergesch eraus.

05/07/2021 Am Takt: Lionheart
RTL

Am Takt huet de Joe ënner anerem verroden datt hie schonn als DJ täteg war, deels och Partyen organiséiert huet an datt hie mat der Musek vun ënner anerem Bob Marley de Wee bei den Hip Hop an natierlech de Reggae fonnt huet. Dem Joe ass et wichteg duerch seng Musek Wäerter ze vermëttelen, Wäerter déi villäicht e bëssen ënner d'Rieder komm sinn, sou ass zum Beispill d'Lidd Nei Welt eng Bestandsopnam vun der aktueller Gesellschaft. An den nächste Wochen a Méint wëllt de Lionheart reegelméisseg Musek erausbréngen, seng Etüden awer och um Lafen halen, mir drécken d'Daumen datt dee Spagat gléckt.

An dann hei nach d'Playlist vun dëser Sendung (sou wéi d'Lidder op dëser Plattform disponibel sinn)

Déi nächst Sendung ass dann Ufanks September, bis geschwënn.